ChatNewsPhotoenUserInfoHëllefIwwer eis
Sichen

Registréiren
Passwuert veluer?
 

FAQ - Oft gestallte Froë 

General Froën iwwert den Site | Chat | Photoën | UserInfo

Dëst ass eis Frequently Asked Questions (="Oft gestallten Froën") Säit. Si ass nach kleng, mee gët lues a lues méi grouss. Schreiw eis dëng Froën op dëser Säit.

1. Generell Froën iwwert Luxusbuerg an den Site

2. Chat

3. Photoën

4. User Info


1. Generell Froën iwwert Luxusbuerg an den Site

1.1 Wat ass Luxusbuerg? Wéi fonktionnéiert et? Wéini ass et gegrënnt ginn?

Luxusbuerg ass esouguer zimlëch sëcher eng vun den Ausgangsbasen vun der Lëtzebuerger Internet Szene - eng virtuell Plaatz wou dausenden vun Leit, Lëtzebuerger an Friemer, sëch all Dag gesinn an liesen. Luxusbuerg geet esouguer iwwert den Internet eraus: Meetings an der "richtëger" Welt ginn regelmeesseg organiséiert, wéi's Du an der Photo Sektioun kanns gesinn.

Bannendrann ass Luxusbuerg en Internet Relay Chat (IRC) Network. Et ginn eng Rei Kanäl (Reim/Channels), alleguerten matt aneren Ziler (Altersgrupp oder Thema).

Luxusbuerg kann nëmmen existéieren wéinst deenen villen Leit déi mattschaffen. Fir méi iwwert d'Team hannert Luxusbuerg gewuer ze ginn, kuck Dir d'Wien ass Luxusbuerg Säit un.

Luxusbuerg ass gebuer ginn am Oktober 1996 als en einfachen IRC Channel um Undernet IRC Network. Am Oktober 1999 ass déi ganz Saach dunn méi grouss ginn an krut säin eegenen Server matt der Poste zesummen. Am November 2002 koum eng nei Versioun vun Luxusbuerg eraus, matt enger ganzer Rei Verbesserungen an Changementer.

1.2 Wann ech op "Chat" ginn, ass en groën oder wäissen Rechteck do wou den Chat sollt sinn!

a) Flash Interface

Fir op Luxusbuerg ze iwwert de Flash Interface ze chatten, brauchs de den Macromedia Flash Player Versioun 7, deens de hei gratis downloade kanns.

b) JAVA Interface

Dat heescht datt's du en Problem matt dem JAVA hues, deen op dëngem Computer installéiert ass.

Windows XP: Dësen Problem kënnt virun allem bei Windows XP vir. Beim XP gët JAVA normalerweis nët einfach esou installéiert. Nodeems Microsoft en Prozess géint SUN verluer huet, distribuéiert Microsoft hir JAVA Virtual Machine nët méi, et muss een also déi vun SUN installéieren (Stand Abrëll 2003).

Download vun der SUN JAVA Virtual Machine bei SUN: http://java.com/en/index.jsp - an do uewen riets op *Java Software Download* drécken.Lued am beschten Windows (Offline Installation) Versioun erof (+/- 15 mb).

Installatioun : wann den Programm bis ganz erofgelueden ass, klick op Open/Ouvrir/Öffnen, an suivéier d'Instruktiounen.

Aner Versiounen vun Windows: Hei läit den Problem dann beim Setup oder bei der Configuratioun vum Computer. Windows 95 Users roden mer en Upgrade op Windows 98 Second Edition ze maachen. Bei Problemer matt Windows 98, NT4, 2000 an Millenium am Beschten all Service Packs an Security Updates installéieren (op http://windowsupdate.microsoft.com), an falls et dann nach ëmmer nët klappt, kann eng Installatioun vun der SUN JAVA Virtual Machine hëllefen.

Et ass och sënnvoll den Internet Explorer Versioun 6 oder den Mozilla Firefox ze gebrauchen. Downloaden kann een deen hei (gratis):

Macintosh: Download den Internet Explorer 5 fir Macintosh oder den Mozilla. Mir recommandéieren MAC OS 9.1 minimum (oder eben den MAC OS X).

Linux: naja, Linux Users missten wëssen wéi se eens ginn :-)

1.3. Vun mënger Schoul/Aarbëchtsplaatz aus geet den Chat nët...

a) Schoul: Et sinn verschidden Schoulen zu Lëtzebuerg déi den Luxusbuerg blokéiert hunn. Hei kanns du probéieren op http://chat.pt.lu ze goën amplaatz op www.luxusbuerg.lu. Du kënns um Luxusbuerg eraus, mee eben ënnert enger anerer Adresse.

Allerdëngs kann et och sinn, datt dëng Schoul verschidden Restrictiounen huet (Firewall/Proxy). Technësch gesinn muss den Port 6667 op sinn fir ze chatten um Luxusbuerg, an bei enger Rei Firmen, Administratiounen an Schoulen ass deen Port zou. Mir sinn allerdëngs amgaangen hei un enger Léisung ze schaffen.

Fir et kloër ze stellen: mir encouragéieren iech op keen Fall während den Schoulstonnen ze chatten!

b) Firmen/Administratiounen/Firewall: Eng ganz Rei Firmen an Administratiounen hunn aus Sëcherheetsgrënn en Firewall installéiert. Dat ass eng Software oder en Computer deen verschidden Zorten vun Daten blokéiert. Fir um Luxusbuerg ze chatten, muss et méiglëch sinn, sëch op den Port 6667 um Luxusbuerg Server ze connectéieren, wat verschidden Firewalls nët erlaben. Si hunn z.B. just den Port 80 op, deen gebraucht gët fir normal Internet-Säiten ze kucken. Dofir geet den Luxusbuerg Internet Site dann heiansdo, mee eben den Chat nët.

Mir sinn amgaangen hei un enger Léisung ze schaffen. Bis dohinner bleift dann just d'Méiglëchkeet den Responsabelen vum Réseau ze froën fir den Port 6667 opzemaachen :-)

Fir et kloër ze stellen: mir encouragéieren iech op keen Fall während der Aarbëchtszäit ze chatten!

1.4. Ech kommen net op Luxusbuerg aus Däitschland!

Nodeems déi meeschten T-Online Benotzer wéinst Spam Attacken vun 2-3 User bis elo vun eisem Chat ausgeschloss woren, stelle mer eng Méiglechkeet zur Dispositioun, fir hinnen den Zougang nees ze erlaben :

Scheck eng Mail un den Tech Group a gëff folgend Donnéen un :

  • Däi Nickname (däi Nickname muss registréiert sinn!)
  • Däi Passwuerd
Wann mir dat iwwerpréift hunn, kriss de eng Mail zeréck, wou mer der genee erkläre was de maache muss fir dech op Luxusbuerg ze connectéieren. Leider get dës Method net fir Flash oder Java User, mee just fir Leit mat engem IRC Client (mIRC, pIRCh, xIRCon, ...)

1.5. Wann ech op Luxusbuerg kommen, seet den Site mer datt en nët geet matt mëngem Browser (Internet Explorer oder Netscape)...

Luxusbuerg fonktionnéiert ënner anerem matt Internet Explorer vun der Versioun 5 un, matt Netscape vun der Versioun 6 un, matt Mozilla Firefox (1.3 un). Wéieng Versioun vun Browser een huet, kann een erausfannen wann een op Help/Aide/Hilfe am Menu uewen dréckt, an dann deen leschten Punkt ënnen (About Internet Explorer, About Netscape...). An där Fënster déi elo opgeet steet déi Versioun dran déi's du benotz. Déi neitste Versioune vun Netscape ginn et hei

Internet Explorer 6
Mozilla Firefox
Netscape 7

1.6 Wat heescht deen [p] hannert Nicknames um Luxusbuerg Site?

Den [p] heescht einfach datt dësen User eng Photo op sënger Userinfo Säit huet.

1.7 Wéi kann ech séier d'Sprooch changéieren um Luxusbuerg Site?

Klick einfach op déi kleng Fändëlen lénks uewen op der Säit ënnert dem Luxusbuerg Logo. Wann d'Säit op zwou Sproochen disponibel ass, dann kanns Du se an där Sprooch gesinn wou's Du gewielt hues.

1.8 Moment, d'News sinn nët op Englësch/Lëtzebuergësch iwwersat!

Richtëg: Nëmmen den Contenu vun den Säiten ass an zwou Sproochen disponibel - fir d'Saachen einfach ze halen sinn d'News just an enger Sprooch geschriwwen.

1.9 Ech gesinn MySQL Errors um Site!

Lued d'Säit einfach nei (Reload/Refresh Button oder CTRL+R drécken), an si missten fort sinn. Dat kann heiansdo virkommen wann den Server iwwerlueden ass.

1.10 Ech hunn en Fehler fonnt / Eppes schingt nët op der Websäit ze fonktionnéieren.

So eis Bescheed an mir kucken esou séier wéi méiglëch duerno.

1.11 Wéi kann ech d'Toptalkers Statistiken vun allen Channels gesinn?

Géi an d'Toptalkers Sektioun an wiel den Channel eraus vun deems Du d'Statistiken gesinn wëlls.

1.12 Wat ass nei um Luxusbuerg 2.0 (eisen neien System deen säit dem 22. November 2002 online ass)?

Neien Chat Interface

  • Du kanns elo an méi Channels zur selwëchter Zäit chatten
  • Du kanns den Alter an d'Geschlecht vun all den registréierten Users gesinn déi matt dir am Channel sinn.

Ganz neien Luxusbuerg Website

  • En ganz neien an reorganiséierten Site
  • "Dynamësch Këschten" op der rietser Säit déi der eng Rei Saachen weisen:
    • Déi lescht Userinfo Photo déi eropgelueden gouf
    • En Photo vum leschten Luxusbuerg Event
    • D'Gebuurtsdeeg vun haut
    • Toptalkers vun allen Channels
    • D'Resultater vum #Quiz Channel
    • Déi aktuell Topics vun den Channels
    • Titelen vun den News
  • Personnaliséieren: Maach Dir den Luxusbuerg wéi's DU en wëlls (Log Dëch an matt Dëngem Username an Passwuert). Am Moment kanns de déi heiten Saachen changéieren:
    • Dëng préféréiert Sprooch: Wann et eng Säit op 2 Sproochen gët, gesäiss Du se an där Sprooch wou's de am Léifsten hues
    • D'Channels wou's Du automatësch wëlls dran kommen wanns Du an den Chat gees
    • Op's de wëlls Däin Alter an Geschlecht uweisen am Chat (esou datt déi aner Leit et gesinn)
      Du kanns den Luxusbuerg och esou astellen, datt en Dëng Astellungen verhällt, dann muss Du Dëch nët all Kéiers frësch aloggen wanns Du op den Site kënns (nët recommandéiert wanns Du nët op Dëngem eegenen Computer bass)
  • Eng ganz Rei "publik oder nët publik" Optiounen (Du kanns genau erauswielen wat déi aner Leit vun Dëngen Userinfos kënnen gesinn oder nët)
  • En ganz neien Search System. En duerchsicht all Photo-Comments, Userinfos an aner Säiten. Sichs Du eng bestëmmten Photo? Du brauchs nëmmen den Numm anzeginn vun deem deen/dats Du sichs!
  • Eng frësch organiséiert Photo-Sektioun matt Vignetten fir méi einfach Photoën kënnen ze kucken

1.13 Ech wëll op den Luxusbuerg linken vun enger anerer Säit aus, wéi maachen ech dat?

Fir op Luxusbuerg ze linken, brauchs de einfach nëmmen en Link op http://www.luxusbuerg.lu an dëng Säit anzebauen. Am HTML code gesäit deen esou aus:

Luxusbuerg Chat

Fir dat matt engem Bild ze maachen, kanns de deen heiten Code gebrauchen:

1.14 Ech wëll Publicitéit / Reklamm um Luxusbuerg maachen, wéi geet dat?

Luxusbuerg ass wuel deen meeschtbenotztenen Internet-Site zu Lëtzebuerg. Dohir ass et wuel och interessant fir op Luxusbuerg Publicitéit ze maachen. Luxusbuerg gët vermaart duerch eng Régie Publicitaire, an kann duerch säin performanten Publicitéits-System interessant Resultater garantéieren.

Kommerziell Publicitéit: méi Informatiounen hei

Publicitéitséchange fir Clubs, Associatiounen an Veräiner an Zesummenaarbëcht matt Radio LRB: Info op dëser Säit

2. Chat

2.1 Ech sinn ganz nei um Chat - Ech verstinn absolutt guer nët wat hei leeft!

Kuck op dëser Säit no: Chatte wéi geet dat?

2.2. Wéi sinn déi verschidde Methoden fir an den Chat (Flash, JAVA, IRC Client)?

Luxusbuerg bidd 3 verschidde Methoden un, fir an den Chat ze kommen. Déi einfachst an déi eenzeg, wou een eng WebCam benotze kann, ass iwwert de Flash Interface/Client ze fueren. Donieft get et och d'Méiglechkeet fir de - méi alen - JAVA Applet ze benotzen. De Choix tëscht deenen zwou Méiglechkeeten kritt ee beim Chat Login op dëser Säit.

Als drëtt Méiglechkeet kann een sëch och direkt duerch en IRC (Internet Relay Chat) Client (=Software/Programm) verbannen, ewéi z.B. mIRC. Fir sech matt Luxusbuerg ze verbannen, brauch een dann déi heiten Daten:

Server: irc.luxusbuerg.lu
Port:
6667

Note: mir bidde keng Hëllef fir IRC Clients un, beäntweren also och keng Froë wann et net klappt.

2.3. Wat sinn Operators an wat sinn Admins?

All Channel huet 2 oder méi Admins. Si ginn vun der Luxusbuerg Administratioun erausgewielt. Eng Lëscht matt allen Nimm vun den Admins kanns de hei fannen. D'Admins wielen d'Operators eraus. Souwuel Operators wéi Admins hunn en @ virun hirem Nickname um Chat.

Admins an Operators suergen derfir datt den Channel leeft. Si hëllefen den Users, an kënnen Users aus dem Channel kicken, déi sëch den Batti stellen oder sëch nët un d'Channel Regelen halen. Dës Regelen sinn ze fannen op den Channel Homepagen. Klick op News uewen am Menu, an wiel am lénken Menu den Channel eraus. Am selwechten Menu kanns de elo normalerweis en Punkt "Regelen" fannen.

2.4. Ech sinn gekicked/gebanned ginn, wat soll ech elo maachen?

Wanns du gebanned ginn bass, huet dat an 99% vun den Fäll en gudden Grond. Et ass un den Operators an den Admins vun den Channels ze décidéieren, wéini se wien erausgeheien, no den Regelen déi fir all Channel opgesat goufen. Dës Regelen sinn ze fannen op den Channel Homepagen. Klick op News uewen am Menu, an wiel am lénken Menu den Channel eraus. Am selwechten Menu kanns de elo normalerweis en Punkt "Regelen" fannen.

Wanns du allerdëngs no laangem Iwwerleën zum Schluss kënns datt den Ban oder den Kick nët gerechtfertegt war, dann kanns du den Admins vun deem Channel Bescheed soën. Hir E-mail Adressen fënns de hei.

2.5 Wéi kann ech Operator (@) ginn?

Kuerz Äntwert: Operators ginn erausgewielt vun den Admins vun engem Channel. Déi komplett Äntwert ass hei.

2.6 Wat ass NickServ, ChanServ, asw.?

Si ginn och nach "Services" genannt - si gesinn aus wéi normal Users, mee et sinn eigentlëch Programmer, déi eis Hëllefen Luxusbuerg ze administréieren. Kuerz gesot:

Service
Sënn
NickServ
Protégéiert däin Nickname fir datt aner Leit en nët kënnen ewechhuelen/benotzen. (Méi Informatiounen heizou...)
ChanServ
Hëlleft den Admins an Operators fir d'Channels ze géréieren. (Méi Informatiounen heizou...)
MemoServ
Heimadder kanns de dëngen Kollegen en Message loossen (Méi Informatiounen heizou...)
SeenServ
Seet der wéini dëng Frënn fir d'Lescht online waren (tipp /seen Nickname) (Méi Informatiounen heizou...)

2.7 Wat ass den Chatbot?

Den ChatBot ass en Bot (vun RoBOTer) - et ass keen richtëgen User mee en Script/Programm deen an den Channels ass an et erlaabt op verschidden speziell Commanden zeréckzegräifen. Esouwéi déi aner Luxusbuerg Bots gebraucht en den Hostname 'bot.luxusbuerg.lu'.

2.8 Wéieng Commanden kann ech am Chat gebrauchen?

Ausser datt's du däin Text muss antippen, kanns de den Chat Interface komplett matt der Maus kontrolléieren. Doniewend ginn et nach eng Rei praktësch Commanden déi's de esou gebrauchen kanns: (all Commanden fänken matt engem / un)::

Commande
Descriptioun
/list
Gët der eng Lëscht vun allen Channels matt den Topics an Zuel vun Leit déi dran sinn.
/me däin text
Mëcht eng "Action": "/me geet elo schlofen" gesäit am Channel esou aus:
* DäinNickname geet elo schlofen
/silence nickname
Ignoréiert dem nicknameseng privat Messagen an déi déi an den Channel kommen.

2.9 Ech gesinn Leit matt engem '+' niewend hirem Nickname... wat ass dat?

Dës Users sinn "voiced". Dat heescht datt si an engem +m Channel (engem moderated Channel) am Channel selwer schwetzen kënnen. Déi Leit ouni + kënnen nët schwetzen, respektiv déi aner Users gesinn nët wat si schreiwen. Normalerweis gebrauchen mir den +m souwisou nët.

2.10 Ech kann den richtëgen Hostname vun aneren Users nët gesinn wann ech en /whois maachen!

Den Grond heifir ass datt mer den richtegen Hostname encryptéieren (verstoppen), fir all Users ze schützen virun gewëssen Attacken. Nëmmen IRC Operators an Channel admins kënnen déi richteg Hostnames gesinn. .

2.11 Kann ech op Luxusbuerg "idlen" (connectéiert bleiwen och wann ech nët bei mëngem Computer sinn)?

Jo, mee mir encouragéieren dëch fir:

  • Dëch als /away ze setzen
  • Aus allen publiken Channels erauszegoën
  • Däin Nickname esou ze änneren datt déi aner gesinn kënnen datts de fort bass, z.B. mausi_away

Mir wënschen iech en flott idling!

2.12 Ech ginn an en Channel an soën "Moien", mee keen äntwert mer! Firwat sinn déi all esou onfrëndlëch!?

Mir sinn jo guer nët onfrëndlëch. Probéier der d'Luxusbuerg Channels esou virzestellen ewéi Café'en oder Bar'en. Wanns de an en Café erangees an "SAALLUUTT!!!" jäiz, wärten verschidden Leit dëch begréissen, mee anerer dëch ignoréieren an hir privat Gespréicher weiderfréien. Sief nët beleidëgt heiduerjer am Ufank, wats de méi laang derbäi bass, wat d'Leit méi frëndlëch matt der wärten sinn wann se dëch bis kennen :-).

2.13 An verschiddenen Channels kann ech GROUSS schreiwen (CAPS), an aneren nët ... ech ginn nëmméi eens.

All Channel huet sëng eegen Regelen, bestëmmt duerch d'Admins vun engem Channel. Kuck op den Channel Homepages an der News Sektioun fir d'Lëscht vun dësen Regelen ze fannen (klick op d'Nimm vun den Channels op der lénker Säit).

2.14 Wat ass en IRCop (IRC Operator) an wat ass d'Technical Team?

IRC Operators sinn déi Leit déi sëch em d'Administratioun vum ganzen System këmmeren. Si sprangen an wann en gréisseren Problem besteet, technëscher oder administrativer Natur. Noutfalls kënnen si och Leit vum Server erofgeheien oder bannen. Si hëllefen gären, sinn awer lauter beschäftëgt Leit, dofir kuck op's de d'Äntwert op dëng Froën nët op dësem Site fënns oder op keen Operator/Admin der äntweren kann, éiers de en IRCop frees :-)

D'Technical Team këmmert sëch em d'Programmatioun an d'Administratioun vum Server an vun ganz Luxusbuerg. Bei technëschen Problemer kanns du dëng Fro hei stellen, kuck allerdëngs virdrunner op se nët schon souwisou op dëser Säit oder an der Help Sektioun beäntwert ass.

2.15 Wéi kann ech en neien Channel grënnen?

Luxusbuerg erlaabt keng fräi Créatioun vun Channels, dat heescht du kanns nët einfach esou en Channel opmaachen, an dëng Kollegen invitéieren fir dran ze kommen. Fir en neien Channel ze maachen, muss fir d'éischt en Projet opgestallt ginn, du muss 9 aner Leit fannen déi deen Channel matt dir zesummen géifen maachen an eis deen Projet dann eranschécken.

2.16 Et war een aneren User frech matt mer, wat soll ech maachen?

Den Chat ass hei e bëssen ze vergläichen mam Telefon: wann een aneren User ufänkt domm ze ginn am privaten Gespréich, ass et am einfachsten en ze ignoréieren (um Telefon hänkt een einfach an). Dat fonktionnéiert esou: Matt der lénker Maustast sélectionnéiert een säin Numm an der Lëscht am Channel (1 Klick op den Nickname). Duerno matt der rietser Maustast 1x drop klicken, Ignore wielen dann dann Ignore erauswielen matt engem Klick. Deen Moment kann een keen Message méi vun deem User kréien. Fir en nëmméi ze ignoréieren, kann een dat selwecht maachen andeems een just zum Schluss Unignore wielt.

Wann den aneren User esou Saachen am publiken Channel verzielt, kanns Du en Operator froën fir datt deen eppes ënnerhëllt.

Wann déi Saachen elo wiirklëch méi schlëmm ginn, an méi oft passéieren, dann kanns du och eis Bescheed soën op dëser Säit. Sief der allerdëngs bewosst datt mir rechtlëch gesinn näischt géint deen User ënnerhuelen kënnen, wann en nët eppes gemaach huet wat géint eis Conditions d'utilisation verstouss huet. Och an dësem Fall behalen mir eis d'Recht vir, fir ze jugéieren op mer eppes ënnerhuelen oder nët. Mir kënnen an kengem Fall garantéieren datt mir eppes ënnerhuelen, virun allem nët bei Saachen déi reng perséinlëcher Natur sinn. Regelt esou Saachen ënnert iech an wegl. nët um Chat.

3. Photoën

3.1 Wat heescht 'UCA' en den Kommentaren vun den Photoën?

'UCA' heescht 'Unidentified Chatmeeting Attender' - Nët identifizéiert Persoun op engem Chatmeeting. Wanns du déi Persoun erkenns, so eis Bescheed an mir setzen säin Nickname dohinner.

4. User Info

4.1 D'Gréisst vun mënger Userinfo-Photo ass méi kleng wéi déi wou ech eropgelueden hunn!

Dat stëmmt, mir verklengeren verschidden Photoën well se einfach ze grouss sinn. Vill Leit hunn eng 800x600 Resolutioun vun hirem Bildschirm, an wann mer eng Photo weisen wou méi grouss ewéi hiren Ecran ass, ass dat nët esou witzeg fir si.

4.2 Wéi kann ech en Link vun mënger Homepage aus op mëng Luxusbuerg Userinfo maachen?

Gebrauch einfach dës Adresse: " www.luxusbuerg.lu/users/däin nickname "

4.3 Wann ech eng Photo eroplueden, ass se nët direkt online. Firwat?

Mir validéieren all Photoën éier se online gesat ginn, esou datt all Users se gesinn kënnen. Et kann also virkommen datt et eng gewëssen Zäit dauert bis een vun eis d'Photo validéiert huet - normalerweis awer ass dat nach den selwechten Dag ewéi d'Photo eropgelueden gouf.

Remarque: Mir ginn dir d'Méiglëchkeet fir dëng Photo eropzelueden esou datt déi aner Users gesinn kënnen wéi's de ausgesäiss. Photoën/Biller vum Bart Simpson, Marilyn Manson, Déieren oder aner Saachen sinn nët esou interessant fir déi aner Users, also ass et relativ wahrscheinlëch datt se nët validéiert ginn :).

4.4 Ech hunn eng Photo eropgelueden, an si gët guer nët ugewisen, souguer no en puer Deeg nët.

Bass de sëcher datt et eng richtëg Photo vun dir selwer war? Kuck emol d'Remarque ënnert 4.3.

4.5 Uaah! Ech hunn mäin Passwuert verluer/vergiess!

Benotz einfach den Formulaire Lost password. Wanns de nach weider Problemer hues, kanns de eis och froën, mee probéier dësen Formulaire fir d'éischt ze gebrauchen.

4.6 Ech wëll méi Aliases (alternativ Nicknames) registréieren ...

D'Limite ass bei 2 Aliases (also 3 verschidden Nicknames am ganzen).

Leschten Update vum bjuer [19/10/2009 @ 19:20:57]

Beginner Top 3

    Nick  Score  
1 laura22_ 0.67
2 Boubou_w49 0.45
3 green-tea 0.32

Gebuertsdeeg

NickAlter
acheron 35
AdelbertSteiner 42
Adriano_J [p]21
alienore 21
Amoroso 7
AndrePlayboy 24
AngelDragon 23
angschtDAIWEL [p]37
anne_13 21
Aphrodite [p]27
Poche 24
barbie20 22
Basic 32
Beckham1982 28
BennydeMuller 23
biglebowsky 6
Sunshine9 29
bl000ndiii 16
bl00ndii 16
boubi 36
ca-f 25
Candice 33
canita 23
chrescht23 [p]29
Claire12 18
Claire13 18
colavanillia 23
Collectus 25
crallo_m 46
cslover 20
Darkstar-Skater 22
Globe_Skater 22
Da_Hero 26
BIBa17 22
deckkapp 29
Deierli 24
DenHexer 46
deuxbombes 17
dipak 27
dogzilla 35
DP 24
Draco 26
DRAT 30
dubbster 21
duck19 30
duck22 30
ed7 22
ed77 22
EIZO [p]27
elton_john 27
fee592 48
zola-w42 7
final_andy 26
FiRe_RaCeR 30
flame1 26
fripdoul_14 22
full 10
Fun_Sakter_15 22
geckegt_bunny 21
geckegt_buny 21
geo3eck 32
gettho-girl15 17
Girl-15 23
Godly_Ant 22
Party-Boy 22
Gothic-girl 24
GOY 21
Hotboy14 22
hotlove 29
hot_love 29
hot_love_m 29
ieselchen 46
Jabbes 30
Jean_Paul 20
jenn1990 20
jessy-15 23
jimmy91 [p]19
Jimmy_Jump 20
JINA 21
jonkmsjonkm 22
juventino93 17
kabum 21
Kayli 22
shenai 21
kerry 21
Keneda_15 21
Kermet 27
kick 21
KingKRool 22
kthkang 42
laach_greidel 20
Laaus-483 21
leif_mauseliii 20
leonardo5 55
Letzebuerg 25
Level_15 21
liounited 19
Loefli 49
Logan1 21
Loki 35
Lona14 22
Loona14 22
Loona_14 22
love_w_25 30
maischen 23
Manni01 22
mapa 49
Marie-90 20
mausi-lux 18
MaxIsexi 32
Mefisto2 24
mimi [p]29
miss-bb1 18
miss-tuga12 16
miss-tuga81 18
missy82 28
Miss_Irwin [p]26
Mobius1 27
Boy22single [p]27
Mojo-jojo 20
moTTy [p]30
Mouais 6
moundjong 44
moundlicht 42
MrAlone 52
muma_ 44
musiik-girl 16
musik-girl 17
mustie 35
N14 22
Nadja14 8
Nadja16 22
Nadja_16 [p]22
nd5984 26
nils1 30
noemiechen 23
nokini 35
Nutty 21
nymphe 27
Nymphy 39
oli_20 26
Onkelz-wie-WIR 19
otradovcova01 42
IVO23 29
Partygirl__15 22
Partyman 30
Partyman20 30
pepperony 18
petz33 41
platttoz41 43
pop3 29
ppfgreitchen 21
pupo35 39
aristophanes 50
rocco2000 18
rttrrt 18
sacinzia 42
salamanca 23
samythill1 6
Sandraw 22
sandy-15 23
Sandychen_18 23
San_16 23
scato-talk 40
Sexygirl14 22
Shane_w_fir_w 44
sinnie 18
sinnnie 18
SirBenny16 [p]23
sisqo35 39
skate-punks 21
Skydancer 28
soeasy 47
solo__m 22
sour_cherry 20
sour_cherry90 20
specki2005 20
Spiky-Mik 31
stef-35 39
steve02 22
subotic-fan 29
Sungirl9 7
Sunny-15 21
sunny_1987 23
sunrise_17 [p]22
sven22 30
Swallow 26
Swamm 20
Sweetbaby101 24
sweetest_w17 24
Sweety15 22
Sweety_16 23
tageaw20 25
Tatty_15 23
thedark 31
tina36 39
Top_Spin 7
tucker 48
Tutebatto 21
VWgolfGTI 30
wee-man 20
Whatshername 18
Xenoo 44
Xtina14 22
yves 28
zatzi42 39
^|Splinter|^ 22
|Lacoste-16| 22
}|]Fireball[|{ [p]26

Nächst Events

coming soon ...