Ursprong | Administratioun an Kontakt | Reklammen | Technical Group | Administrativ Responsabeler | Partner
Luxusbuerg war d'Idee vun 3 Leit: dem Chris Leesch (Kane), dem Mehran Khalili (scrm) an dem Raoul Mulheims (kee). Vun 1996 un war Luxusbuerg en Channel op engem internationalen Chat-Réseau (Undernet), éier am November 1999 an Zesummenaarbëcht matt der Poste en eegenen Server matt méi Channels draus gouf. 2007 huet d' #Luxusbuerg a.s.b.l.*) d'relève mat engem eegenen Server iwerholl.
Déi aktuell Equipe setzt sëch aus iwer 120 Leit zesummen (Operators, Admins an IRCops).
2. Administratioun an Kontakt |
Déi administrativ Gestioun vum Chat an d'Coordinatioun gët vum der #Luxusbuerg a.s.b.l.*) gemaach.
Froën an Kontakt: info@luxusbuerg.lu
Froën zu technëschen Saachen an generell Hëllef op dëser Säit.
3. Reklammen / Kommerziell Produkter an Relatioun matt Luxusbuerg |
Den kommerziellen Deel vun Luxusbuerg (Banneren, Reklammen asw.) gët vun der #Luxusbuerg a.s.b.l.*) betreit. Offerën an Explikatiounen kënnen och hei ugefroot ginn, genee sou wéi Explikatiounen an d'Tarifer. Bestellen kennt Dir direkt hei. Fir all Froën an Renseignementer déi a Relatioun matt Reklamm op Luxusbuerg oder speziell technësch Developpementer, esou wéi och Produits déi matt Chat ze dinn hunn, kontaktéiert wegl. déi Responsabel.
Fir Reklammen fir Clubs, ASBL oder nët kommerziell Organisatiounen an Evenementer fannt der Detailer op dëser Säit.
Déi heiten Leit këmmeren sëch um technëschen Niveau ëm Luxusbuerg an maachen Luxusbuerg zu deem wat et ass - an kucken och datt et esou bleift:
| Numm |
Roll an Chargen |
|
| Pol B. (Arvoreen) |
- Linux, IRC Server an IRC Services Maintenance
- Developpement
- IRC Operator
|
| Frank M. (Archie44) |
- Developpement
- IRC Operator
|
| Rick C. (Coolpix) |
- Developpement
- IRC Operator
|
Kontakt: Klick hei.
5. Administrativ Responsabeler |
Déi heiten Leit sinn IRC Operator, déi sëch em d'Administratioun vum Chat zesummen mam Technical Group këmmeren:
Déi dagdeeglëch Administratioun vun den Luxusbuerg Channels gët vun den Channel Administrators (Admins) gemaach, zesummen matt den Channel Operators (Ops), erausgewielt vun den Admins. Hei ass eng Lëscht vun den Admins - eng Lëscht vun den Channel Ops vun all Channel fënns de wanns de op "ganzt Team" ënnert dem Channel Numm klicks. D'Seit vum channel erreechs de wanns de op den Channel Numm klicks.
Hues du eng Iddee wat een kéint matt Luxusbuerg zesummen maachen, eng Propose fir en Partenariat oder eng aner Suggestioun? Schreiw eis einfach op info@luxusbuerg.lu.
* Numéro RCS: F2385
|