
|   |  | Luxusbuerg Meetings&Events - Legal Aspekter | |  |
 |  |  | Luxusbuerg Meetings&Events - Legal Aspekter
Generell Punkten
- Luxusbuerg Events an Meetings ginn organiséiert vun Luxusbuerg an sëngen Mattaarbëchter fir et den Users ze erlaaben, sëch ausserhalb vum Chat ze begéinen.
- D'Deelhuelen un den Events ass op jidderengem säin eegenen Risiko, Luxusbuerg an sëng Mattaarbëchter garantéieren an kenger Form d'Qualitéit, d'Sëcherheet oder iergendwelleg aner Saachen, déi am Normalfall vun Drëttpersounen ofhängeg sin (z.B. Café, Restaurant etc.).
- All Persoun, déi un engem Luxusbuerg Event deelhëllt, soll an muss sëch esou verhalen an behuelen, ewéi een dat normalerweis esou mëcht, an donieft och d'Virschrëften vun den Organisateuren respektéieren.
- Mannerjähreger, déi op Events kommen, mussen d'Averständnis vun hiren Elteren hun. Luxusbuerg an sëng Mattaarbëchter iwwerhuelen an kenger Form iergendeng Responsabilitéit fir Mannerjähreger, déi bei den Elteren ass a bleift.
- Luxusbuerg an sëng Mattaarbëchter behalen sech d'Recht vir, fir gewëssen Persounen den Accès bei Events oder d'Deelhuelen ouni Justifikatioun ze verbidden. Dëst kann virun allem - mee net nëmmen - an deem Fall gemaach ginn, wou eng Persoun bei engem Event virdrunner negativ opgefall ass.
Photoën op Events
- Op Luxusbuerg Events kënnen Photoen geholl ginn, déi duerno op der WebSäit www.luxusbuerg.lu matt Kommentaren publizéiert gin. Wann eng Persoun, déi op en Event kënnt, net wëll datt Photoen vun hir geholl ginn an/oder publizéiert ginn, soll se dat den Organisateuren an Photografen dat onbedëngt am VIRAUS soën.
- Wann trotzdem sollen Photoën vum Internet Site erofgeholl ginn, schreift wegl. eng Mail un info@luxusbuerg.lu, fir d'Prozedur erklärt ze kréien.
Suën iwwerweisen am Viraus/Acompte
- Luxusbuerg huet een Compte deen speziell fir Acomptes fir Events geduecht ass: N°: IBAN LU58 1111 2028 3508 0000 (CCPL - Titulaire: Luxusbuerg Events)
- Am Fall wou en Acompte iwwerwisen get, an déi Persoun déi iwwerwisen huet, net kann um Event deelhuelen, kann den Acompte prinzipiell net zeréck gefrot gin. An Ausnahmefäll kann dat awer méiglëch sin. Frot dofir bei info@luxusbuerg.lu no.
|  |
 |  |  |  |  |  |  | Leschten Update vum kee [21/12/2004 @ 15:00:14] |  |  |  |  |  |  |  |  |
|
|
|  |
|  |