| Perséinlëch Beschreiwung: | Eigentlëch sin ëch jo guer kee fan vu laange Wieder déi u kee bestëmmte geriicht sin. Ech denken ëch sin ower relativ einfach ze handhaben. Wat sëch elo dorauser ergëtt hängt dovunner of wat sëch heirauser entwéckelt an Dëch vläicht mat mir verbëndt, oder ocg nët. Genau dorober sollt een sëch hei fréen...also tickert mëch un! Ech si fir villes op mé weg nët plomp! Och Kloortext ka verschiddentlëchst duerbruet gin.
Wann iwerhat, sou hun ëch nëmmen 3 „Reegelen“ a mengem Liewen:
1. Huel mer näischt eweg!
2. 2. Trëppel mer nët op d’Féiss!
3. Do kengem wéi deen ëch gären hun!
Vielsäiteg- an Ausbaufähegkeet sin nëmmen zwou mé ower wichteg Eegenschaften déi mëch ausmaachen….egal wat däin Uleies ass, Héiflegkeet an Anstand gi bei mir nach ëmmer ganz héig geschriwwen.
A weider…ëch sin zwar well 32, behuele mëch heinsdo wéi 12 a fille mëch öfters wéi 112…dëss Nummer ass iwregens och bereed ze haalen wann ee mir während engem vun deene béiden Zoustänn iwert de Wee leeft *frechgrins*
U mir schätzen d’Leit dat ëch éierlech, direkt, op, verschloss, insaississabel an awer transparent sin, loyal, trei, léiw an häuslëch (geliwt ? *fg*) …P.s. wann ee sëch duerch e Guestbook liest, gëtt een heinsdo esou munches iwert e Mënsch gewuer ;-)
Jo bon, wat nach ? Offensichtlech hänken ëch (vil) zevill am Internet an iergendeppes soll jo och nach ze schnëssen iwreg bleiwen…
Da bis gläich ?
|